Newsletter

Flux RSS

Aucun flux RSS ajouté

Yvette Moris: D'Jenny geet an d'Muppeschoul Agrandir

Yvette Moris: D'Jenny geet an d'Muppeschoul

Erscheinungsjahr: 2007

Eng Geschicht mat villen Biller.

Plus de détails

ISBN 978-2-87964-101-0

13,00 €

Genee wei d'Kanner, sou geet och d'Jenny, e wibbelegen a verschmuste Cocker vun dräi Joer, enges Daags an d'Schoul. Do ass d'Jenny souwuel zréckhalend wéi och frou an intresséiert. Hatt erzielt eis, wat et do erlieft a wéi et no an no seng Plaz an der Muppeschoul fënnt. Et léisst eis deelhuelen u senge gespléckte Gefiller vis-à-vis vun denen aneren Hënn, dem Trainer an all den Aufgaben an Erwaardungen, déi op hatt duerkommen. D'Jenny fënnt Frënn a seng éischt Flam.

Zum Schluss erkläert et eis, wat e Mupp brauch, fir frou ze sinn, a gëtt eis Rotschléi fir en harmonescht Zesummeliewen tëscht Mënsch an Hond.